Déngschtleeschtungen

Mir offréieren Iech folgend  Déngschtleeschtungen:

  1. Berodung bei eis am Geschäft an dono bei Iech doheem (onverbindlech)
  2. Plange vun Ärem Projet an Opstellen vun engem Devis (onverbindlech)
  3. Ausféieren vun Steemetzeschaarbechten ronderëm Äert Haus mat eisen eegenen Aarbechter:
    • Fondatiounen aus Bëtong, Bëtongsplacken, Sträifen- a Punktfondatiounen
    • Verleeën vu Verbundsteng, Pawee, Placken
    • Setze vu Bordüren
    • Baue vu Maueren aus Schalbléck
    • etc.
  4. Liwwerung a Montage vu Konstruktiounen aus Holz mat eisen eegenen Aarbechter:
    • Gaardenhaisercher
    • Garagen
    • Carporten
    • Hochbeeter
    • Clôturen
    • Terrassen
    • etc.
  5. Service après Vente:
    • Ustrach (vun eis oder engem Usträicherbetrieb)
    • Reglage a Reparaturen
    • Verkaf vun Ersatzstécker